News
-
Tarantula Distribution: La Lëtzebuerger Déiereschutzliga Déierenasyl Gaasperech est partenaire du film "Le Royaume de Kensuké" qui sort en salles au Luxembourg le 5 juin! Merci à eux pour leur soutien! La ligue luxembourgeoise pour la protection des animaux accomplit un énorme travail au sein de l’asile, faisant preuve d’un grand dévouement et d’une grande disponibilité. Chaque jour, ils accueillent les animaux abandonnés ou perdus, les soignent, leur redonne une qualité de vie décente, les éduque et les suivent même après l’adoption. Si vous souhaitez les aider: www.deierenasyl.lu
-
Le 23 avril 2024 a eu lieu l’Assemblée Générale de la section Bertrange de la Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Madame Liliane FERRON, Présidente de la section Bertrange, a profité de l'occasion pour remercier tous les membres et bénévoles pour leur fidèle collaboration. Elle a eu le plaisir de profiter de l'occasion pour remettre deux chèques au nom de la Lëtzebuerger Déiereschutzliga, section Bertrange. Un chèque d‘une valeur de 1.500 euros à Irma Boultgen, Société pour la Protection des Animaux Differdange A.s.b.l, et un autre chèque de 3.500 euros, remis à Hope4 Paws A.s.b.l (www.deierenasyl.lu/fr/partenaires/).
-
An der Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Déiereschutzliga huet d'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung, a Wäibau Martine Hansen, Kazebesëtzer dozou opgeruff, eppes dogéint ze maachen, datt sech Kazen, déi kee doheem hunn, sech verbreeden.
https://www.rtl.lu/lifestyle/deiererubrik/a/2181660.html -
Les travaux avancent enfin sur notre chantier de nouveau Maisonette pour chata, les premiers murs sont installés.
-
An de leschten Deeg a Wochen sinn op Facebook an an der Press vill béis Wieder iwwert d’Lëtzebuerger Déiereschutzliga an hiren Déierenasyl zu Gaasperech gefall. Anscheinend kurséiert eng kloer Meenung zu eiser Organisatioun, leider entspriechen déi meescht Uschëllegungen, déi géint eis geriicht ginn, net der Wourecht. Mir bréngen heimadder e wéineg Liicht an d’Däischtert: Wéi sou oft an eisem Ländche beschäftegt déi meescht Leit fir d’éischt emol d’Suen. Dass des och zu Gaasperech net op de Beem wuessen, misst deene meeschte Leit bewosst sinn, an awer gëtt et esou duergestallt, wéi wann d’Lëtzebuerger Déiereschutzliga vum Staat mat Sue géif vollgepompelt ginn. D’Realitéit kéint awer net anescht sinn, mir sinn eng a.s.b.l., keng staatlech Institutioun, a mir finanzéieren eis mat eisem eegene Kapital. Mir kréien, ewéi e Futtballveräin oder Keeleclub, e klenge Subside vum Ministère, dee sech op 15.000€ d’Joer beleeft a bäi wäitem net duergeet, fir iwwerhaapt eis Fudderkäschten ze decken. Och vun der Stad Lëtzebuerg kréie mir eng kleng finanziell Ënnerstëtzung, des beleeft sech op bëssi méi wéi 3.000€ d’Joer. Eist Kapital entspréngt also quasi ganzheetlech de Spenden a Successiounen, déi mir vu private Persoune kréien a fir déi mir méi wéi dankbar sinn. A wa mir mol bei de Sue bleiwen, nee et geet eis absolut net schlecht, dat hu mir och ni behaapt, an awer schéngt et d’Leit ze echaufféieren, dass mir „e Verméige vun 20 Milliounen horten“, wéi een dat des Ëfteren dorëmmer liese kann.... Mee wann een sech eise Bilan méi genau ukuckt, da gëtt engem séier kloer, dass Déiereschutz an deenen Ausmoossen, wéi d’Déiereschuztliga en bedreift, immens vill Sue verschléngt. Mir beschäftege ronn 19 Mataarbechter, Fleeger, Vétérinairen, Sekretärinnen, fir sech ëm déi ronn 650 Déieren ze këmmeren, déi mir am Schnëtt all Joer am Déierenasyl ophuelen. D’Bruttopersonalkäschten, d‘Charges sociales, d‘Fudder fir eis Déieren an hëtze musse mir d’Gebai och, Stroum a Waasser, Medikamenter, Analysen… jee et kënnt genuch zesummen. Eisen Déierenasyl ass an där Gréissenuerdnung net mat eisen 9 Benevollen eleng ze bedreiwen. Doriwwer eraus hält eis Aarbecht net bei eise Muppen a Kazen op, och Schof, Päerd, Geessen, Kanéngercher a Kompanie hu mir an eiser Ophutt, ënnerbruecht um Gnadenhaff vun der Hope 4 Paws a.s.b.l., déi mir zënter 2021 finanziell a mat Fudder ënnerstëtzen. Summa summarum belafen sech eis jährlech Onkäschten op bal 2 Milliounen Euro. Allgemeng schéngt och e gréissert Mëssverständnes ze bestoen, wat eis „Aarbecht um Terrain“ ubelaangt. Mir setzen eis staark fir d’Kastratioun vu fräilafenden a wëlle Kazen an, fänken, operéieren a këmmeren eis ëm an der Moyenne 300 Kazen d’Joer. Kazemamme mat hire Klenge bidde mir eng sécher Plaz fir ze jéngeren an opzewuessen, ronn 30 Kazefamilje kommen d’Joer bei eis ënner. Dobäi kommen eis Fonddéieren, deene mir rëm heem hëllefen, dëst sinn am Schnëtt 40 Kazen an 135 Muppen d’Joer. Nieft der offensichtlecher Aarbecht mat den Déieren huet d’Déiereschutzliga nach aner Asazberäicher, sou ënnerstëtze mir Privatleit a kleng Associatiounen, déi sech ëm Déiere bekëmmeren, mir bedreiwe Lobbyismus op europäeschem Niveau duerch eis Memberschaft bei der Eurogroup for Animals, mir berode Privatleit an d’Politik bei Froen zum Déiereschutzgesetz. E weidere groussen Deel vun eiser Aarbecht ass eist Inspektorat. D’Leit kënne bei eis Plainte maachen, wann si Zeie vun Déierequälerei oder -vernoléissegung ginn. Eis Inspektere schaffen enk mat der Police an der Vétérinairesinspektioun zesummen, fir dëse Plainten nozegoen, a wann effektiv Mësshandlunge festgestallt ginn, da probéiere mir d’Mëssstänn ze klären oder ginn d’Plainten un de Parquet weider. Mir maachen net wéineg, au contraire, mee mir fannen et net néideg, fir eis bei all klenger Aktioun ëffentlech ze profiléieren. Eisen Déierenasyl leeft säit Ufank vun der Pandemie op Héichtouren. Mat Kapazitéite vun 78 Hënn a 45 Kaze stousse mir scho laang un eis Grenzen, wouwéinst mir amgaange sinn, en zousätzlecht Kazenhaus, en Investissement vun ongeféier 1.000.000€, ze bauen, fir eis ëm ronn 30 weider Kaze këmmeren ze kënnen. Bei dësem Projet si mir vun enger Reih Donateuren ënnerstëtzt ginn. Ee grousse Merci un dësser Plaz un sie! Bei engem jährlechen Duerchlaf vun ca. 300 Muppen an 350 Kazen, gëtt et eisem Personal an eise Benevollen net langweileg. Et soll eisen Déieren un näischt feelen, mir investéieren an héichwertegt Fudder, eis eege Vétérinairen, den Entretien vum Gebai a contrairement zur allgemenger Meenung schléifere mir och keng Déieren an, wann se ze laang bei eis bleiwen a keng Famill fannen. D’Unzuel vun den Déieren, déi schwéier bis guer keng Famill fannen ass iwwregens net ze ënnerschätzen, aktuell hu mir eleng 30 Lëschtenhënn am Déierenasyl, deenen hir Vermëttlung eis duerch d’Hondsgesetz vun 2008 onnéideg schwéier gemaach gëtt. Dobäi kommen am Schnëtt 15 vum Parquet saiséiert Déieren, déi bis zu hirer Geriichtsverhandlung bei eis ënnerbruecht sinn. De Parquet iwwerhëlt zwar d’Pensiounskäschte fir des Déieren, mee bei enger Waardezäit vu gären emol 12 Méint um Geriicht feelen eis erëm Plaze fir Déieren, deene mir eng nei Famill siche kéinten, vum Misär vun de saiséierten Déieren emol ofgesinn. Déiereschutz ass en immens komplext Thema, wat een net einfach a schwaarz a wäiss ënnerdeele kann a sech stänneg weiderentwéckelt. Mir hunn an eisen 115 Joer Déiereschutz vill Misère gesinn, mee och scho villes zum Gudde verännert kritt. Dowéinst fanne mir et immens schued, dass elo an der Ëffentlechkeet mat Hallefwourechten a Lige ronderëm gehäit gëtt, mam eenzege But, fir eis ze schueden. Den eenzege Leeddroënde dobäi sinn d’Déieren. Mir sëtzen all am selwechte Boot, mir kämpfen all fir déi selwecht Ziler, da wier et dach amfong ubruecht, fir sech géigesäiteg de Réck ze stäerken!
-
La Lëtzebuerger Déiereschutzliga fête cette année son 115ième anniversaire et peux jeter un regard rétrospectif sur des périodes mouvementées et des évolutions relatives à la protection des animaux. Pour répondre aux défis d’aujourd’hui et pour poursuivre avec notre idée d’une protection animale moderne, nous nous sommes décidés de créer un nouveau logo qui représente notre professionnalité et notre engagement pour les animaux. Le logo visualise la silhouette d’une maison qui est formée d’un chien et d’un chat qui se penchent l’un vers l’autre, ce qui associe l’harmonie et la gentillesse. Les couleurs sont un bleu un peu plus froid qui fait le contraste à la couleur cuivrée qui fait penser à la fourrure de chien et qui prononce l’aspect naturel. La police des caractères est moderne et y arrive à créer une unité avec la forme du logo. Avec son nouveau logo la Lëtzebuerger Déiereschutzliga donne un exemple pour le futur. Depuis 1908 l’association s’engage pour le bien-être des animaux et ne se lasse pas bien au contraire, la Lëtzebuerger Déiereschutzliga est prête pour de nouveaux défis. Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Depuis 1908.
-
Ми хочемо підтримати людей, які змушені були покинути Україну та виїхали разом із своїми домашніми тваринами. Ми будемо раді надати вашим вихованцям їжу, ковдри, іграшкі та інші речі. Не соромтесь звертатись до нас, якщо щось потрібно вашим плеканцям. Ви можете зв‘язатись з нами по телефону +352 48 13 13 1 або По електонній пошті info@deierenasyl.lu Ми розмовляємо французькою, німецькою, англійською та люксембурзькою мовами.
Мы хотим поддержать людей, которые были вынуждены покинуть Украину и взяли с собой домашних животных. Мы будем рады предоставить вашим питомцам еду, одеяла, игрушки и другие предметы. Мы также готовы помочь с ветеринарными расходами. Не стесняйтесь обращаться к нам, если что-то понадобится вашим животным. Вы можете связаться с нами по телефону +352 48 13 13 1 или по электронной почте info@deierenasyl.lu Мы говорим на английском, люксембургском, французском и немецком языках. Afin d'aider les personnes, qui ont dû quitter l'Ukraïne avec leurs animaux, nous aimerons proposer notre aide en fournissant des couvertures, de la nourriture animalière, des jouets ou autres gadgets. En outre, nous offrons des aides financières pour les factures de vétérinaire. N'hésitez pas à nous contacter si vous avez besoin d'aide. Vous pouvez nous joindre par téléphone (+352 48 13 13 1) ou par email info@deierenasyl.lu. Nous parlons aussi luxembourgeois, allemand et anglais. -
Nouvel accès vers l'Asile pour Animaux Á partir du lundi 5 juillet 2021, l'Asile pour Animaux sera accessible uniquement par le Boulevard de Kockelscheuer. La rue W.A. Mozart sera entièrement fermée pour voitures et piétons. Le nouvel accès se fait par le chantier, la circulation sera réglementée par des feux et le chemin sera signalisé. New access for the Asile pour Animaux From Monday 5th of July, the Asile pour Animaux will only be accessible from Boulevard de Kockelscheuer. W.A. Mozart Street will be completely closed to cars and pedestrians. The new access will be via the construction site, traffic will be regulated by traffic lights and the new path will be signed.
-
Cette année il ne nous était pas possible d’organiser une journe « porte ouverte » à l’asile et les promenades de nos chiens ne sont toujours pas possible pour l’instant. Pour soutenir l’Asile National et ses animaux, nous vous proposons une idée créative : En collaboration avec un jeune artiste de la région de Trèves, Monsieur Jonas Hammen, vous aurez la possibilité de faire dessiner vos ou nos chiens. L’ouvrage peut être réalisé en tant que dessin, peint à l’huile, aquarelle ou à l’encre de chine. Bien sûr la maîtresse/le maître peut aussi être dessiné(e) ensemble avec l’animal respectif. Une photo suffira comme modèle ! Une part de chaque ouvrage sera versée comme donation à l’Asile National de Gasperich. Les prix varient selon le format et le motif. Si vous êtes intéressés, veuillez s’il vous plaît contacter l’artiste directement : Jonas.hammen@googlemail.com Nous vous remercions d’avance pour votre soutien.